Analyst - Corporate Finance - Luxembourgish speaker

Date:  15 Sept 2025
Location: 

Luxembourg, LU

Company:  Deloitte Luxembourg
Job Function:  Consulting Services
Seniority:  Junior
Contract Type:  Open-term

Eis Corporate Finance Advisory Equipe sicht no jonken, Lëtzebuergesche Mataarbechter, déi gewëllt sinn, enger dynamescher a villfälteger Equipe vu multi-talentéierten Experte bäizetrieden. Des Equipe ënnerstëtzt Cliente proaktiv bei strategesche Projeten, déi sech ëm Theme wéi Fusiounen, Acquisitiounen, Restrukturéierungen, Wäertschaafunge, intergenerationell Transmissiounen oder dem Lancement vun néien Aktivitéiten dréinen. Mir schaffe mat enger héich respektéierter lëtzebuergescher an internationaler Clientèle, déi an alle méigleche Secteuren aktiv ass. Eist Team besteet aus iwwer 50 Spezialiste mat ganz verschiddene Hannergrënn a Nationalitéiten.

Eise Fokus läit dorop, d’Clientë souwuel beim Ergräife vun Opportunitéiten ewéi och beim Navigéieren duerch wirtschaftlech Onsécherheeten a Verännerungen z’ënnerstëtzen.

Eis ass et wichteg Talenter ze fërderen a leeë Wäert drop, en Ëmfeld ze schafe, wou all Stëmm gehéiert a respektéiert gëtt. 

 

Wat dech erwaart

  • Eng enk an direkt Zesummenaarbecht mat eise Cliente bei der Ëmsetzung vu M&A-, Due Diligence- a Bewäertungsmandater.
  • D’Entwécklung vu Finanz- a Bewäertungsmodeller.
  • Aktiivt Matwierken un Due-Diligence- a Evaluatiounsberichter.
  • D’Virbereedung vu vertraulechen Informatiounsmemoranda a aner transaktiounsbezunnen Dokumenter.
  • D’Kreatioun vu Pitches a Propositioune, fir potenziell Clienten ze begeeschteren an ze iwwerzeegen.
  • Eng gesond Balance tëscht Aarbecht a Privatliewen dank flexibelen Aarbechtsmodeller.

Wat mir sichen:

  • Bachelor- oder Masterdiplom am Beräich Finanzen, Comptabilitéit, Business Administratioun oder Finanzingenieurwiesen.
  • Éischt praktesch Erfarunge bei Bewäertungen, Fusiounen & Acquisitiounen oder finanziellen Due Diligence bei grousse Banken, Private Equity Haiser, Family Offices oder Berodungsfirme sinn een Avantage, awer keng Viraussetzung.
  • Een Talent fir kritescht Denken an detailléiert Analysen.
  • D’Fäegkeet, Prioritéiten ze setzen an och ënner Drock qualitativ héichwäerteg Resultater ze liwweren.
  • E richtegen Teamplayer, dee vill Wäert op Zesummenaarbecht leet.
  • Gutt Kenntnisser vun den offizielle Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) an Englesch. All weider Sprooch ass ee Plus.

Firwat mat eis schaffen?

Als Corporate Finance Generalist kanns du deng Fäegkeeten a ganz verschiddenen Thematiken, séier ob- an ausbauen. Du erliefs wéi déi eenzel Corporate Finance Konzepter anenee fléissen. Et ass eng vilfälteg an intellektuell stimuléierend Aarbecht. De kontinuéierleche Wuesstum vun der Equipe, zesumme mat der reegelméisseger Grënnung vun néie spezialiséierten Teams – bitt dir dir vilfälteg an breet opgestallten Zukunfts- an Entwécklungsperspektiven.

Mir schaffen u spannende reelle Projete mat direktem Clients Kontakt, déi konkret zur, déi zur Entwécklung an der Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg bäidroen. 

Am leschte Joer ë.a. u dëse prestigiéise Mandater geschafft:

  • Finanziell Modelléierung fir d’Entwécklung vun der Strategie vun Investitiounsfongen, déi Investissementer um lokalen Immobiliemarché cibléieren.
  • Erstellung vun engem Geschäftsplang fir den Opbau vun enger vun de gréisste Photovoltaik-Anlagen zu Lëtzebuerg an Ënnerstëtzung bei Partnerschaftsverhandlunge tëscht de verschiddenen Investisseuren / Apporteuren.
  • Restrukturéierung vun engem Immobilienportefeuille, mat Entwécklungsprojeten, déi iwwer 1.000 nei Wunnengen op de Marché brénge kéinte.
  • Preliminär finanziell Analysen am Kontext vun enger potentieller Gemengefusioun.
  • Bewäertung vu Familljebetriber a verschiddene Kaderen (Familljegrupp-Restrukturéierung, Ierfschaften oder Verkafsmandater).
Requisition ID:  13330

Ready, steady, interview!

Preparation is key to success! Here, we share a few tips and tricks to help you feel and look your most confident.
First impressions count!


Your recruitment process

We know waiting to hear back can be torture! Take a breath and familiarize yourself with our classic recruitment procedures.
Trust in the process


Get Social

Connect across our social media channels for the latest news, research, career information, photos, events, and more from Deloitte Luxembourg.



10 reasons to join Deloitte Luxembourg